Zurück
02
Feb

Awuer Rosch!

02.02.2023

D’Jugendherbergen traueren em de Rosch Krieps. Hien war laangjärege Mataarbechter, Frënd an Ënnerstëtzer vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen an ass am Alter vu 97 Joer gestuerwen.

Vun 1949 – 1950 war hien als Sekretär an der Zentral a vun 1951 - 1953 als Herbergspapp an der Jugendherberg an der Buerg täteg. De Rosch huet matgehollef Buch “Mir zéien iwwer d’ Stroossen” iwwert Geschicht vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen ze schreiwen, dat 1984 publizéiert ginn ass.

Och a senger wuelverdéngter Pensioun war hien als AJIST enk mat eiser Associatioun verbonnen an huet eis no Kräften ënnerstëtzt.

Mir wäerten de Rosch a gudder Erënnerung behalen an drécken dem Heng – senger Fra – an der ganzer Famill eist Matgefill aus.

Mir soen net Äddi, wa mir ginn
Mir soen dann Awuer
Bis mir ons nees erëmgesinn,
Awuer, léiwe Rosch, Awuer!

D'Jugendherbergen traueren em de Rosch Krieps.

D'Jugendherbergen traueren em de Rosch Krieps.

Zurück
comments powered by Disqus