Zurück
21
Mar

In memoriam: Rosch Krieps

21.03.2024

Lieszäit: 2 Minuten

Elo ass et scho mei wéi ee Joer hir, dass de Rosch Krieps net méi ënnert eis ass, dat nodeems hie 97 Joer al ginn ass. Hien war ee laangjäregen Ënnerstëtzer vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen an och vun der Fondation Carlo Hemmer.

D‘Fondatioun, där hiren Objet d’Ënnerstëtzung vun de Jugendherbergen, vun Aktivitéite vu Jonken a vun hirer Entwécklung haaptsächlech a finanzieller Hisiicht  ass, ass ëmmer vum Rosch begleet ginn: mat senger Mataarbecht a senge Beiträg a Wierker, deenen hiren Erléis der Fondatioun Carlo Hemmer zegutt komm ass.

Och wann de Rosch Krieps en héijen Alter erreecht hat, ass et ëmmer schwéier, hien net mei ënner eis ze wëssen, zemools wann een esou een engagéiert an ereignisraicht Liewen hat, wat a ville vu senge Wierker zum Ausdrock kënnt.

An de leschte Joren huet de Rosch bei enger Veranstaltung eemol gesot, dat him a sengem Alter des Leidenschaft nach bliwwen ass an hien - och wa kierperlech Aschränkungen et oft mools net liicht gemaach hunn - einfach net aneschters ka wéi op senger Maschinn ze klappen. 

Mir wëllen elo net all Statiounen an Dokumenter hei mentionéieren; des Lescht wier laang an dës Dokumenter bleiwen an si schwätze schonns fir sech. Mais beim Begriefnis vum Rosch huet seng Duechter wonnerbar an äusserst passend Wierder iwwer de Rosch verluer, déi ugefaangen hu mat: Tip Tip Tip Tock - Tip Tip Tip Tock – Kling -  Rrrrscht! Tip … Des waren d‘Téin, déi een héieren huet, wann de Rosch doheem op senger manueller Schreifmaschinn geschriwwen huet an déi si als Famill vum  „Schreiwerling“ doheem an Erënnerung hunn.

Obwuel mir haut keng mechanesch Schreifmaschinn méi hunn an d’Tastatur vun engem PC oder Notebook och aneschters klengt, bleift des Bild awer. All Schreifmaschinnsgeklapper bréngt de Rosch nees an Erënnerung: un hien als Mënsch, als Fërderer, als Journalist – fir nëmmen ee puer eenzel Facettë vun him ze mentionéieren – a virun allem als en  engagéierte  Mann, den ËMMER aktiv war, gezwongener moossen ugepasst un säin Alter, mä nichtdestotrotz a bis zum Schluss.

Mir wäerten de Rosch ëmmer als ganz feine Mënsch an Erënnerung behalen … munchmol spontan, situativ an eisen Initiativen, mee och all Kéiers, wa mir an iergendenger Form op d’Tastatur vun engem Clavier - Tip, Tip, Tip … - klappen.

Am Mäerz 2024,

Marie-Josée Ries, Isabelle Goubin, Dieter Eixler, Michel Kneip a Paul Weydert
am Numm vun der Fondation Carlo Hemmer

Rosch Krieps († 24.01.2023)

Rosch Krieps († 24.01.2023)

Zurück
comments powered by Disqus