Zurück
10
Apr

Diplomiwwerreeschung vum 1. Hëllef Cours

10.04.2015

Sécherheet ass säit jéhier an de Jugendherbergen immens wichteg, well d’Leit eis oft dat wäertvollst wat se hunn uvertrauen. Nee, domat menge mir net hiren Auto, mee hier Kanner! Dofir ass et och wichteg, dass mir gutt op se oppassen.

Fréier gouf et een Herbergsvater an eng Herbergsmutter. Déi Bezeechnunge si net méi modern, mee si haten awer eng wichteg Bedeitung, well doraus ervir geet, dass déi Jonk gutt versuergt, gutt gefiddert an streng gehalen solle ginn, also sou wéi doheem.

Och hautesdaags wann ee Visiteure vun de Jugendherberge freet, wat fir si wichteg ass, da kënnt als éischt gratis WiFi, mee direkt duerno och ëmmer erëm Sécherheet.

Dofir hu mir ganz vill an d’Sécherheet vun eisen Haiser investéiert, fir dass näischt geschéie kann. Ganz ausschléisse kann een en Incident natierlech ni, an dofir ass et wichteg, dass mir op den Eeschtfall virbereet sinn.

Aus dësem Grond schécke mir eis Mataarbechter regelméisseg an 1. Hëllef Couren, wou se léieren wat maachen am Fall vun engem Accident oder vun gesondheetleche Problemer. De leschte Cours war an der Fielser Jugendherberg a gouf ofgehalen vum Jean-Marie Klein, Instructeur vun der Protection civile. Hien huet déi vast Matière ëmmer detailléiert a präzis awer och labber an net ze dréchen un d’Leit eru bruecht an konnt op all Fro eng Äntwert ginn, sou dass d’Leit gutt op de Schlussexamen virbereet waren.

D’Belounung fir all déi Aarbecht ass dunn den Diplom deen am Mäerz an der Stater Jugendherberg bei enger klenger Féier verdeelt ginn ass

éischt Hellef Grupp

éischt Hellef Grupp

Zurück
comments powered by Disqus