Zurück
29
Aug

Äddi Pabeier-Kompass! Wëllkomm Kompass-Blog!

29.08.2014

Wéi d’Zentral vun de Jugendherbergen elo kierzlech de Pabeier-Kompass ofgeschaaf huet, ass fir eis aner, déi mer eis "Ajiste-Veteranen" nennen, eng Ära op en Enn gaang, vun däer mir schéin Erënnerungen behal hunn.

D’Zäitschrëft „de Kompass“ hat de Carlo Hemmer am Fréijoer 1940 an d’Liewe geruff, just zwee Méint, iert Lëtzebuerg vum Hitler senger Wehrmacht besat an d’Ligue vun de Jugendherbergen opgeléist gouf. Véier Krichsjoere laang gouf et kee „Kompass“, an eréischt 1946, nodeems d’Zentral vun der Jugendherbergen nei gegrënnt gi war, koum „de Kompass“ erëm eraus.

Mir waren nom Krich Jongen a Meedercher esou ëm 18 bis 20 Joer a mir waren vun den Aubergen begeeschtert. Mir ware begeeschtert vun hirer neier Fräiheet, vun eisen Touren, vun der Natur a vun der Kultur, vun eisen „Uchten“, vun eisem lëschtegen Zesummesinn vu Jongen a Meedercher, wat deemools nëmmen duerch d’Jugendherbergen méiglech war. Well den Ajissem war déi eenzeg Jugendbewegung, déi „mixt“ war.

Fir eis ass deemools „de Kompass“ e ganz wichtegt Bliedchen ginn, souzesoen d’Häerz vun eise Gruppen. Et war e Bliedchen vun zwar nëmmen véier klenge Säiten, mee e Bliedchen, dat mir selwer geschriwwen a gemaach hunn, op Matritzen getippt, op enger Hektograféiermaschinn vun Hand erofgekuerbelt, 400 bis 800 Blieder, déi da gefaalt, an Enveloppen gestach, adresséiert a frankéiert hu musse ginn, iert mir se stolz an d’Post gedroen hunn. Doheem hunn d’Ajisten sech mat Freed op „de Kompass“ gestierzt, wou de Programm vun den Touren vun engem ganze Mount dra stoung.

D’Schaffen um „Kompass“ war dee Läim, den eis vereent huet. Duerch „de Kompass“ an duerch seng Touren uechter d’Land hu mir d’Schéinheet vun der Natur a vun der Komerodschaf, an d’Fräiheet vum selbststännege Liewen entdeckt. Dat war nom Zwank vun der Hitlerjugend eng demokratesch Neigebuert.

68 Joer laang ass vun 1946 un de Pabeier-Kompass erauskomm. En hat och Perioden, wou d’Aktivitéite vun der Zentral  méi schappeg goufen an de Programm vum Mount zimlech dënn war. „de Kompass“ koum zäitweis nëmme méi all Trimester eemol eraus an heiansdo en halleft Joer laang nëmmen emol.

Wéi de Conseil vun der Zentral 1996 erneiert gouf a nei Aktivitéiten opgezunn huet, ass och „de Kompass“ nei gebuer ginn. Eng Grupp vu jonke Leit ronderëm de Georges Boez, de Flëpp Schlesser, d’Cathy Clement, de Sacha Rein, de Serge Pauly (haut bei RTL-Telé) an d’Simone Bleser hunn d’Saach an d’Hand geholl an „de Kompass“ an eng richteg Jugendzeitung verwandelt. D’Zentral huet hinnen e „Power-Mac“ kaaft, op deem se d’Zeitung digital zesumme gesat hunn. Si kruten en eegene Sall am Keller vun der Auberge am Pafendall. Si hunn hire „kompass“ drécke gelooss, eng Zeitung, déi mat vill Imaginatioun all méiglech Jugendthemen behandelt huet, bis bei de Piercing, d’Tätowéieren an d’Sexualitéit vun de Jonken.

Wéi dëse „Kompass-Grupp“ sech no an no opgeléist huet, gouf d’Zentral de “lay out” vun der Zäitschrëft enger professioneller Organisatioun an d’Hand, an huet bis 2014 „de Kompass“ selwer op Pabeier erausginn. De Conseil huet sech perséinlech fir d’Kommunikatioun mat hire Memberen agesat. Vum President bis zu den eenzelnen Conseillerën hu si Leitartikelen geschriwwen, selwer Touren opgezunn an d’Aktivitéieten vun allen Aubergen mat schéine faarwege Biller am „kompass“ beschriwwen.

De Carlo Hemmer hat als Publizist net manner wéi dräi Zäitschrëften gegrënnt. „De Kompass“ war seng éischt, an „de Kompass“ war och elo déi éischt, déi net méi als Pabeier-Blat erauskënnt. „de Kompass“ huet sech der Zäit ugepasst. Et huet mol keen e méi vermësst, well kee Mënsch huet reagéiert, wéi d’Zentral jidderengem, den dat wollt hunn, den neien digitale „Kompass“ op Pabeier erausdrécken an heemschécken wollt.

An dach war „de Kompass“ an der Geschicht vun de Lëtzebuerger Jugendbewegungen e liewegt Fanal vun däer schéiner Nokrichszäit, wéi se eis jonk Begeeschterung als „Ajisme flamboyant“ gefeiert hunn. Net, datt mir Veteranen de Pabeier-„Kompass“ haut batter vermëssen, mee et ass awer derwäert, de Jonken vun haut eis Erënnerungen ze hannerloossen an hinnen grad esou vill Begeeschterung fir hir Zukunft ze wënschen, wéi mir se an hirem Alter kannt haten.

Wëllkomm „de Kompass-BLOG“!

Dat éischt an dat wichtegst, wat mir Veteranen un der neier digitaler Form vun der Zäitschrëft vun de Jugendherbergen gutt fonnt hunn: den Numm „de Kompass“ ass net fale gelooss ginn. „de Kompass-BLOG“ féiert deen Numm, den de Carlo Hemmer der Zäitschrëft 1940 ginn hat, an d’Zukunft eran. Dat alleng ass schonn e waarme „Wëllkomm“ wäert.

Mir ënnerstëtzen déi Leit, déi de neien „Kompass-BLOG“  maachen, well si sech mat därselwechter Begeeschterung fir d’Jugendherbergen, fir hir traditionell Idealer an hir Memberen asetzen, wéi se eis zu eiser Zäit viirgeschwiewt ass. Si bréngen vill nei Iddien eran, déi zu eiser Zäit nach net méiglech waren, awer haut néideg sinn.

Datt „de Kompass-BLOG“ weider mat ville faarwege Fotoen d’Aktivitéiten an alle Jugendherbergen beschreift an eng Zäitschrëft ginn ass, déi Jonk an Al usprécht, ass zousätzlech ze begréissen. Well d’Jugendherbergen sinn haut net méi, wéi zu eiser Zäit, nëmmen fir déi Jonk reservéiert. Och Erwuessener sinn haut wëllkomm, well d’Altersgrenzen si scho laang ofgeschaaft. Dat ass besonnesch fir Famillje mat Kanner wichteg. Si fannen Eenzelkummeren mat kammoude Better, mat Dusch an Toilett an all Jugendherberg a kënnen sech duerch déi ofwiesselungsräich Offer un Aktivitéiten an den Aubergen fir Weekender a Vakanzen wuel fillen.
De Restaurant „Melting Pot“ vun der Stater Auberge ass haut eppes ewéi e Beienhaus ginn, wou vill jonk an eeler Leit wëllkomm sinn a vun enger gudder, präiswäerter Kichen profitéiere kënnen.

D’Aubergen waren vun Ufank un, d.h. vum Ufank vun der Wanderbewegung ëm 1900 un, Haiser ouni Tubak an Alkohol. Haut ass fir Erwuessener zwar keen Alkoholverbot méi an eisen Haiser, mee d’Fëmmen ass bannenan nach ëmmer streng verbueden. Net nëmmen wéint der Gesondheet vun de Gäscht, mee och géint d’Feiergefor. Datt d’Politik sech schwéier deet, d’Fëmmen generell ze verbidden, ass schlecht fir eis Volleksgesondheet,

D’Jugendherbergen waren och fir aner Mouvementer Virbiller, well haut sinn och Scouten a Guiden „mixt“ ginn. Dat aalt Gespenst vun der Discriminatioun vun de „gemischten Häuser“ an hiren Memberen duerch réckstänneg Leit a Geeschtlecher ass scho laang dout. Et gëtt kee Kulturkampf méi um Bockel vun der Jugend.

Déi nei Géigner sinn haut éischter d’Drogen an aner Mëssbräicher wéi d’Feelen vu gesonder Bewegung, d’Waakregbleiwen virun der Televisioun bis an d’spéit Nuecht, an esou geféierlech Gewunnegten wéi d’ “binge drinking“ bis zum Doutvollsinn.

„de Kompass-BLOG“ sollt all déi Themen zur Diskussioun stellen. Well datt een an dësem neie „Kompass“ och direkt seng eege Meenung zu allen Theme ausdrécke kann, och dat ass e wichtegen neien Deel vum Ajissem am Sënn vum Carlo Hemmer sengen Iddien.

D’Commentairen sollen natierlech net alleguer esou laang sinn, ewéi dës Zouschrëft. Mee et war net onwichteg, emol grëndlech op déi nei Jugendherbergen an hiert ëffentlecht Organ „de Kompass-BLOG“ aus der Sicht vun engem 88-jähregen Veteran anzegoen.
                                                                                                                                                              Rosch Krieps
 

De Kompass 1994 l1

De Kompass 1994 l1

De Kompass 1997 l2

De Kompass 1997 l2

De Kompass 2013 l2

De Kompass 2013 l2

Zurück
comments powered by Disqus