Zurück
23
Dec

Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!

23.12.2021

En alt erëm speziellt a schwéiert Joer geet zu Enn. Och 2021 war sou Munches op der Kopp an awer war och sou munch Flottes lass. Mir konnte rëm fir eis Clienten opmaachen an Aktivitéiten ubidden. An duerfir wëlle mir Iech och mol Merci soen.

Fir Är Ënnerstëtzung, Äert Vertrauen an Är Fidelitéit, wëlle mir Iech e klenge Kado maachen, sou wéi dat fir d’Feierdeeg d’Traditioun ass. Mir bidden Iech duerfir e Promocode u fir all Buchung iwwert eis Säit.

Mam Code XMAS2021 kritt dir 10 % Remise op der Iwwernuechtung an enge vun eisen néng Jugendherbergen zu Lëtzebuerg an dat bis 31.12.2022. E klenge Merci deen Iech awer hoffentlech vill Freed am neie Joer bréngt – a natierlech onvergiesslech Momenter zesumme mat eis. Also, bleift positiv (natierlech net am Sënn vum Corona) an da gesi mir eis 2022 erëm!

Mir wënschen Iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.

Mir wënschen Iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.

Mir wënschen Iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.

Zurück
comments powered by Disqus