Zurück
11
Aug

Et war eng traureg Woch fir d’Jugendherbergen zu Lëtzebuerg...

11.08.2022

De Guy Schintgen, den laangjährege President vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen ass am Alter vu 79 Joer vun eis gaangen.

Vun 1996 bis 2005 war hie President vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen, a war duerno nach laang Jore Member am Comité. Hien huet dës schwéier Aufgab grad an deene Joren iwwerholl, wou d’Zukunft vum Reseau vun de Jugendherbergen ongewëss war an huet gehollef eis Organisatioun ze moderniséieren. Ënnert him sinn déi professionell Strukturen entstane grad esou wéi d’Basis vum interne Qualitéitsmanagement. De Guy war e begeeschterte Wanderer a besonnesch hei am Land wéi op Mallorca huet hie vill Kilometeren zréck geluecht.

Mir sinn him dankbar fir seng geleeschten Aarbecht a wäerten hie net vergiessen.  

Mir wäerten de Guy Schintgen net vergiessen.

Mir wäerten de Guy Schintgen net vergiessen.

Zurück
comments powered by Disqus