Zurück
18
Feb

E neie Logo fir 10 Joer Jugendhaus Fiels

18.02.2021

Am Joer 2008 goufen an der Fiels d’Maison Relais an d’Bëschcrèche opgemaach. Ma séier huet sech erausgestallt, datt och d’Jugend aus dem Duerf eng Openthaltsméiglechkeet gebraucht huet.

D’Gebai Home Saint Joseph, aus dem Joer 1867, huet schonn zu fréieren Zäiten de Jonken aus dem Duerf op ënnerschiddlechst Manéieren zu Déngscht gestanen. An esou war séier kloer, datt hei sollt e Jugendhaus entstoen.

Den 21. September 2010 war et dunn esou weit, “d’Jugendhaus Fiels” huet fir déi éischte Kéier seng Dieren opgemaach.

Dëst ass en Treffpunkt fir all Jonker ab 12 Joer resp. ab dem Cycle 4.2. Hei ginn déi ënnerschiddlechst Aktivitéiten ugebueden (Kachen, Sport, Workshopen an Ausflich etc.) an dëst an engem pedagogesche Kader.

D’Fielser Jugendhaus krut 2020 seng 10 Joer. D’Personal huet sech vill Méi ginn, datt trotz den aktuellen Ëmstänn mat puer Jonke konnt gefeiert ginn. Leider war dës Feier net esou grouss ausgefall, ma duerfir huet se sech iwwer 2 Deeg erstreckt, fir dass méiglechst vill Jonker sech e Stéck Kuch konnte siche kommen.

Um 10.Gebuertsdag vum Jugendhaus ass och profitéiert gi fir de neie Logo ze präsentéiren.

E puer Jonker wollten och nach gären hier Gedanken zum Jugendhaus matdeelen:

Interview mam Vitoria C., 13 Joer

  • Wéi hues du d’Jugendhaus kenne geléiert?
    Ech hunn d’Jugendhaus duerch d’Maison Relais 2018 kenne geléiert.
     
  • Wéi laang kenns du schonn an d'Jugendhaus?
    Ech sinn déi éischte Kéier mat 11 Joer zesumme mat der Maison Relais an d’Jugendhaus gaangen. Mir huet et gutt gefall a si reegelméisseg 2 Mol d’ Woch Dënschdes an Donneschdes mat an d’Jugendhaus gaangen.
     
  • Wéi oft kenns du aktuell an d’Jugendhaus?
    Am léifsten all Dag. Ech sinn normalerweis vun Dënschdes bis Samschdes ëmmer am Jugendhaus, ausser ech sinn net do, si krank oder hu méi ze léieren, da kommen ech net sou laang oder guer net.
     
  • Wat bedeit dir d’Jugendhaus?
    D’ Jugendhaus ass wéi eng 2. Famill fir mech. Ech kréien ëmmer eng Hëllef, wann ech se froen oder brauch an ech hunn am Jugendhaus geléiert Konflikter ze léisen a manner schnell rosen ze ginn. Ech kréien och ëmmer nogelauschtert am Jugendhaus.

Interview mam Steven M., 12 Joer

  • Wéi hues du d’Jugendhaus kenne geléiert?
    Ech hunn d’Jugendhaus kenne geléiert duerch d’Vitoria, eng Frëndin aus dem Duerf.
     
  • Wéi laang kënns du schonn an d’Jugendhaus?
    Ech sinn déi éischte Kéier mat 11 Joer an d’Jugendhaus gaangen.
     
  • Wéi oft kenns du aktuell an d’Jugendhaus?
    Ech si puer Mol an d’Jugendhaus gaange fir et kennen ze léiere mat 11 Joer. Séit ech 12 Joer al si kommen ech all Dag an d’Jugendhaus.
     
  • Wat bedeit dir d’Jugendhaus?
    Fir mech bedeit d’Jugendhaus Spaass, mat Kolleegen Zéit verbréngen, Hausaufgabe maachen, well ech meng Rou hunn a gehollef kréien a fir bei Aktivitéite matzemaachen.

 

De neie Logo vum Fielser Jugendhaus.

De neie Logo vum Fielser Jugendhaus.

Hei gëtt sech natiirlech un all Reegel gehalen.

Hei gëtt sech natiirlech un all Reegel gehalen.

Zënter 10 Joer ass hei am Jugendhaus eng lass (dës Foto ass virun der Maskepflicht entstaanen).

Zënter 10 Joer ass hei am Jugendhaus eng lass (dës Foto ass virun der Maskepflicht entstaanen).

E klenge Match am Jugendhaus (dës Foto ass virun der Maskepflicht entstaanen)

E klenge Match am Jugendhaus (dës Foto ass virun der Maskepflicht entstaanen)

An d'Vakanz mat dem Fielser Jugendhaus (dës Foto ass virun der Maskepflicht entstaanen).

An d'Vakanz mat dem Fielser Jugendhaus (dës Foto ass virun der Maskepflicht entstaanen).

Spill a Spaass ass hei ugesoot (dës Foto ass virun der Maskepflicht entstaanen.)

Spill a Spaass ass hei ugesoot (dës Foto ass virun der Maskepflicht entstaanen.)

Schéin Erënnerungen halen e Liewe laang.

Schéin Erënnerungen halen e Liewe laang.

Zurück
comments powered by Disqus